Bob Haller kënnt zu Puerto Cortes op de Podium

Zu Puerto Cortes op Honduras ass de Bob Haller e Sonndeg am Sprint-Triathlon un den Depart gaangen.

No 750 Meter Schwammen louch de Lëtzebuerger Triathlet bei senger Spezialitéit un der Spëtzt. um Vëlo huet et den Haller da probéiert sech vum Spëtzegrupp ze ecartéieren, wat awer net sou gutt gelongen ass. Zum Schluss hin huet hie sech misse bei héijen Temperaturen vun zwee Triathleten distanzéiere loossen, trotzdeem ass de Bob Haller als Drëtten iwwert d’Zillinn gelaf.

De Jason West aus den USA huet sech virum Carlos Javier Quinchara Forero aus Kolumbien behaapt a feiert domat d’Victoire am Sprint-Triathlon zu Puerto Cortes.

Vum Jeff Birsens (RTL.lu)

Updated: 17/02/2020 — 11:27