O-TON : Claude Wurth @ Granfondo La Marmotte

11141302_10153170453837701_7148088621523325707_nDen Sam Nilles an ech sin den Weekend an den franseischen Alpen un der Cyclosportive Granfondo La Marmotte gestart.
Ganz harden Dach, extrem Hetzt, baal 40 Graad um Fouss vum leschten Col.
D’Streck as iwer den Col du Glandon, Les Lacets du Montevernier, Col du Ventour, Col du Mollard, Col del Croix de Fer an d’Alpe d’Huez gangen. Et waren 176km mat 5200 Hm.
Den Sam huet et an 10:16min (2665.) gepackt an ech hun 09h:41min (2059.) gebraucht.
Ganz harden Daach mais wonnerscheint Wierder. As vlaischt och emol interessant esou en Resultat op eiser HP ze brengen.
Et as eng ganz berühmten Course, bei där emmer vill Ex-Pro’en um Start sin an dei och ganz beleift bei den letzebuerger Coureuren as. Des Joer waren der zwar manner um Depart, den Oli Laterza huet daat bescht letzebuergesch Resultat erkämpft an war mat 7h9min e gudd Steck eischter ewei mir an der Dusch.
Et waren ganz vill Triathleten um Depart, zumindest hun ech vill Tricoten vun Triathlonsvereiner aus ganz Europa gesin an vill mam M-Dot tätoweiert Wuerden 😉
Hai nach e puer Linken:

Resultater:
http://www.sportcommunication.info/LIVE/resultat_live.php?parcours=1

HP vun der Organisatioun:

http://sportcommunication.info/web2010/epreuve2.php?langue=1&trophee=128

Bis dann,

Claude

Updated: 12/07/2015 — 15:48